arrow_back_ios
Europa Aktuell
30 Prozent manner CO2
Bis 2030 sollen Autoen 30 Prozent manner CO2 ausstoussen, dat ass een Zil, dat déi Europäesch Kommissioun am Kader vun engem Pak vu neie Mesurë proposéiert. Eng Quote fir Elektro-Autoen ass net virgesinn. Doriwwer war an der Lescht spekuléiert ginn. D'Mesurë ginn net wäit genuch, kritiséieren Ëmweltschützer an déi Gréng. Fir si hätten d'Ziler missten op d'mannst duebel sou héich sinn, fir d'Engagementer vun der EU am Klimaschutz ze respektéieren. En Dossier vum Danièle Weber.