arrow_back_ios
Europa Aktuell
Grenzsträit um Balkan zitt gréisser Kreesser
Et ass ee Sträit tëscht zwee klengen EU-Länner, deen awer kéint eng gréisser Envergure kréien. Slowenien a Kroatien si sech net eens iwwert d'Grenz am Waasser tëscht béide Länner. De Sträit dauert zënter bal 20 Joer - an e kéint de Bäitrëtt vu weidere Balkanlänner blockéieren. Elo soll d'Europäesch Kommissioun als Mediateur tëscht béide Länner vermëttelen. Wéi dat genee soll geschéien ass nach net gewosst. Hannergrënn vum Danièle Weber.