Europa Aktuell
EU setzt weider op Biosprit
Energie aus Planzen oder Beem gewannen ass eppes, wat virun allem an Ëmweltkreesser hautdesdaags ëmstridden ass. Bioenergie ass net onbedéngt nohalteg - oder ekologesch sënnvoll, sou d'Kritik. Virun allem en Vue vum Klimaschutz ass Beem verbrenne kontraproduktiv, dat hu viru Kuerzem iwwer 800 Wëssenschaftler an engem oppene Bréif gewarnt. Och de Biosprit ass net ëmmer e Gewënn fir de Klima - d'Europaparlament gesäit dat manner kritesch. Et gëtt weider u Biosprit festgehalen, et ginn awer Limitte gesat. D'Danièle Weber mat Detailer.