arrow_back_ios
Europa Aktuell
Bauereverbänn warne vrun EU-Handelsofkommes mat Südamerika
Europäesch Baueren schloen Alarm: En Handelsofkommes mat südamerikanesche Länner kéint dofir suergen, datt si de Kierzeren zéien. Dergéint stinn d 'Intérêten, vun EU-Länner, déi exportéiere wëllen. Verschidde Regierunge, virun allem Frankräich halen drop, datt Limitte gesat ginn an datt de Mercosur-Länner net méi ewéi 70.000 Tonnen Rëndfleesch zollfräi sollen offréiert ginn. Lëtzebuerg pocht op Qualitéits-Standarden, ass awer net géint den Accord, seet den Agrarminister Fernand Etgen.