arrow_back_ios
Europa Aktuell
"Eng Evolutioun, keng Revolution"
Wéini geréit een fréieren EU-Kommmissär an een Interessenskonflikt, wann een e neien Job unhëlt? De Wiessel vum fréieren EU-Kommissiounspresident José Manuel Barroso bei d'Goldman Sachs Bank hat fir vill Opreegung gesuergt. Op ëffentlechen Drock huet d'Kommissioun sech elo aner intern Regele ginn - déi vu gëschter un a Kraaft sinn. Eng gutt Initiativ, seet den Ombudsman vun der EU - si ginn hir awer genee ewéi anere Kritiker net wäit genuch.