arrow_back_ios
Europa Aktuell
Wéivill däerf Europa kaschten?
Muer (23.2.) diskutéieren d'Staats- a Regierungscheffen ënnert anerem doriwwer, wéi d'EU sech nom Brexit finanzéiere soll. Mat Groussbritannien verléisst ee Land d'EU, dat méi an d'Keess abezuelt huet, wéi et vu Bréissel als Fongen iwwerwise krut. Jidderee muss nom Brexit méi abezuelen, soen dowéinst déi eng. Aner Länner sinn strikt dogéint, de Budget z'erhéijen. Lëtzebuerg ass net dogéint méi finanziell Mëttelen an d'EU ze stiechen, sot de Finanzminister Pierre Gramegna.
En Dossier vum Danièle Weber.