Europa Aktuell
Nei Regelen fir detachéiert Salariéen
An der Europäescher Unioun ginn all Joers ronn zwou Millioune Salariéen vun hire Patronen an een anert EU-Land geschéckt, fir do ze schaffen. Am meeschte geschitt dat am Bausecteur. Lëtzebuerg detachéiert ronn 70.000 an d'Ausland, par Rapport zu ronn 20.000 Salariéen, déi all Joers an de Grand Duché kommen.
Si ginn nach laang net ëmmer d'nämmlecht bezuelt, wéi déi, déi zu Lëtzebuerg wunnen. Dat soll sech elo änneren. No laangen Discussioune läit e provisoreschen Accord fir eng EU-Direktiv um Dësch. E gëtt vu ville Säite begréisst. Et gëtt awer och Kritik, zum Beispill doriwwer, datt den Transport-Secteur net ënnert déi nei Direktiv fält.
En Dossier vum Danièle Weber