arrow_back_ios
Europa Aktuell
D'Affär Selmayr
D'EU Kommissioun ass an Turbulenzen zënter der Nominatioun, Enn Februar, vum Däitsche Martin Selmayr op de Poste vum Generalsekretär vun der Kommissioun. De fréiere Chef de Cabinet vum Jean-Claude Juncker kritt virgehäit, déi intern Nominatiouns-Prozeduren ënnerschloen ze hunn, fir ganz séier op den héchste Poste vun der europäescher Fonction Publique ze kommen. D'Europaparlament huet eng Enquête lancéiert.