Europa Aktuell
Europa Aktuell
7 min
Wat geschitt mat der City zu London, mat der gréisster Finanzplaz an der EU, nom Brexit? Dat ass eng Fro, déi net nëmmen d'Briten staark interesséiert, mee iwwert déi sech natierlech och zu Lëtzebuerg de Kapp zerbrach gëtt. Groussbritannien setzt sech dofir an, datt d'Finanz-Servicer Deel vun engem zukënftegen Handelsaccord sinn. D'EU ass bis elo net do dofir.
Op Initiativ vu Frankräich a Lëtzebuerg ginn des Servicer elo am Text, deen déi déi grouss Linne vun de nächsten Etappe beschreift ernimmt. Ass dat eng gutt Nouvelle fir d'Lëtzebuerger Finanzplaz?