arrow_back_ios
Europa Aktuell
Entwécklungslänner a Scholdekrisen
Entwécklungslänner maachen ze vill Scholden. D'Situatioun ass an de leschte Jore massiv méi schlecht ginn, warnen ONGen. D'Europaparlament setzt sech elo dofir an, datt d'EU sech Regele gëtt, fir Kreditter ze verginn. Doduerch soll eng weider Scholdekris verhënnert ginn. Allerdéngs kann d'Parlament hei just Propose maachen, eng konkret Propos fir ee Gesetz misst vun der Europäescher Kommissioun kommen. U si riicht sech elo den Appell vum Parlament, dat ze maachen. En Dossier vum Danièle Weber.