Europa Aktuell
EU-Parlament appeléiert u Memberlänner sech eens ze ginn
Den europäeschen Asylsystem funktionéiert net a soll reforméiert ginn. D'Diskussioune lafe schonn zanter Joren, een Accord ass net en vue. Dat huet sech dës Woch op der Reunioun vun de responsabele Ministeren aus den EU-Memberlänner op en Neits erausgestallt.
Dobäi huet d'Europaparlament scho virun e puer Méint gewisen, datt et méiglech ass ee Kompromëss ze fannen. Partei-iwwergräifend gouf eng Propos ausgeschafft, déi um Enn vun enger Majoritéit gedroe gouf. De proposéierte System gesäit automatesch a permanent Ëmverdeelung vu Refugiée vir. Also genee dat, iwwer dat sech d'Memberlänner net eens ginn. En Dossier vum Danièle Weber.