Europa Aktuell
De Fokus op d'Bankenunioun leeën
Wéi kann d'Eurozon méi Krise sécher ginn? Eng Reform ass néideg, dat vertrëtt am offensiivsten de franséische President Emmanuel Macron. Hien huet konkret Proposen op den Dësch geluecht, fënnt awer bis elo net all ze vill Ënnerstëtzung bei senge Kolleegen an der EU.
Brauch d'Eurozon een eegene Budget a wie soll d'Soen iwwer déi Suen hunn - d'Memberlänner am Eurogroupe oder och d'Europaparlament? Dat sinn zwou vun den Haaptfroen, déi sech den Ament stellen. An déi um EU-Sommet Enn der nächster Woch zur Diskussioun stinn.
D'Danièle Weber huet zu Bréissel Experten no hire Recommandatioune gefrot.