Europa Aktuell
Copyright-Direktiv: Mat oder ouni Filter?
D'Europaparlament setzt sech dofir an den droit d'auteur ze verschäerfen. Déi entspriechend europäesch Direktiv gëtt iwwerschafft, a gëschter ass sech d'Parlament iwwer seng Positioun eens ginn. D'Ännerungen, déi doran proposéiert ginn, sinn héich ëmstridden. Kritiker schwätze vu Zensur. Et géing drëm, Auteuren ze protegéieren, soen déi, déi sech fir déi nei Regelen asetzen. Et schéngt, wéi wann ee fräien Internet der Protektioun vun Auteuren géintiwwer stéing. D'Danièle Weber huet zu Bréissel mat béide Säite geschwat.