Europa Aktuell
Rietsruck an der EU-Migratiounspolitik
Dofir ze suergen, datt esou mann wéi méiglech Refugiéen an d'EU kommen. Dat ass ee vun den Haaptziler vun der europäescher Migratiounspolitik.
Et schéngt den Ament och dat eenzegt Objektiv ze sinn, iwwer dat ee sech wierklech eens ka ginn. Dobäi hunn Iddien, déi nach virun e puer Joer fir vill Politiker tabu waren, ëmmer méi Chancen fir Majoritéiten ze kréien. Et geet an éischter Linne drëm, d'Baussegrenze vun der EU besser zouzemaachen.
Eng erstaunlech Reaktioun, wann een Zuele kuckt: Vun den iwwer 25 Milliounen Refugiéen weltwäit, kommen der just eppes iwwer zwou an eng hallef Millioun an der EU un.
Hannergrënn vum Danièle Weber.