arrow_back_ios
Europa Aktuell
Brexit: Éischt positiv Reaktiounen aus dem Europaparlament
De Brexit-Accord läit um Dësch. E Sonndeg sollen d'Staats- a Regierungscheffen aus der EU hiren Avis dozou ofginn. Dono muss och d'Europaparlament deen Accord guttheeschen. Soss kann en net a Kraaft trieden.
Bis elo ass d'Resonanz op deen Accord bei den Europadeputéierten éischter positiv. Si kucken awer, genee wéi d'Staats- a Regierungscheffen och op déi politesch Declaratioun, iwwer déi elo nieft dem Brexit-Accord diskutéiert gëtt. A virun allem do gëtt et nach Sträit. D'Danièle Weber huet Reaktiounen aus dem Europaparlament.