arrow_back_ios
Europa Aktuell
Lobby-Transparenz: EU-Parlament deet sech schwéier
Et gëtt geschat, datt zu Bréissel ronn 25.000 Lobbyisten probéieren op EU-Politik Afloss ze huelen. De Gros schafft fir d'Industrie, et gëtt awer och Interessevertrieder vum Konsumenten- an Ëmweltschutz. Hiren Asaz soll méi transparent ginn. Allerdéngs ass d'Iddi vun engem obligatoreschen Register vu Lobbyisten ëmstridden. Virun allem déi national Regierungen wiere sech dogéint, mee och am Europaparlament ass nach laang net jiddwereen dofir. En Dossier vum Danièle Weber.