Europa Aktuell
De Kampf ëm Prozenter
De Verkéier ass dee gréisste Responsabele fir d'Verpeschte vun eiser Loft. Dowéinst si konkret Ziler fir Emissiounen ze reduzéieren an deem Beräich besonnesch wichteg, wann et ëm de Klimaschutz geet.
Fir d'Autoe läit zanter en Dënschdeg eng Propos fir europäesch Reegele fir Emissiounsziler vir. Si geet den Ëmweltschützer an och der Lëtzebuerger Regierung net wäit genuch. Haut verhandelen zu Bréissel d'Ëmweltministeren iwwer Ziler fir Camionen a Bussen. Hei goufe bis elo nach keng Limitte festgehalen. Och do wëllt d'Automobilindustrie bremsen. En Dossier vum Danièle Weber.