arrow_back_ios
Europa Aktuell
Keng Fake-Fraktiounen méi am Europaparlament
D'Europaparlament stëmmt haut iwwer nei intern Regelen of. Et geet ënner anerem drëm, kënstlech Fraktiounen ze verhënneren. Domat si politesch Gruppe gemengt, an deene sech Parteien just aus technesche Grënn zesummen din a keng gemeinsam politesch Linne vertrieden. Esou Fake-Fraktiounen schueden der Demokratie, seet de Lëtzebuerger DP-Europadeputéierten Charel Goerens.