arrow_back_ios
Europa Aktuell
Eng europäesch ADEM mat limitéierte Pouvoiren
Déi geplangten europäesch Aarbechts-Autoritéit soll Sozialdumping an der EU verhënneren an dofir suergen, dat Sozial-Standarden fir Salariéë grenziwwergräifend agehalen ginn. Eng Zort europäesch ADEM, déi awer ganz limitéiert Pouvoiren hätt. Schonn de Numm vun där neier Institutioun hat fir Sträit gesuergt. D'Danièle Weber iwwer dës Diskussiounen, déi haut zu Stroossbuerg viruginn.