Europa Aktuell
Whistleblower-Direktiv: Lëtzebuerg stellt sech hanner EU-Parlament
Wéi soll ee sougenannte Whistleblower virum Gesetz protegéiert ginn? Zanter dem Luxleaks-Prozess huet dës Fro an Europa eng besonnesch Brisanz. D'Diskussiounen iwwer eng speziell EU-Direktiv sinn am Gaangen. Haut ass zu Bréissel déi nächst Etapp - mat enger Reunioun tëschent de Vertrieder vum Parlament, der Kommissioun an de Memberlänner. D'Positioune leien deels wäit auserneen. D'Parlament wëllt, datt d'Protektioun vun engem Lanceur d'alerte méiglechst breet ass, d'Memberlänner deels de Contraire. Lëtzebuerg gehéiert net zu deenen, déi bremsen, seet de Justizminister Felix Braz. Am Contraire.
D'Danièle Weber huet mat him a mat der Rapportrice vun deem Dossier am Europaparlament geschwat.