arrow_back_ios
Europa Aktuell
EU leet Projet fir Digitalsteier op Äis
Grouss Internet-Entreprisë bezuele proportional gesinn net genuch Steieren. Dowéinst gëtt op EU-Niveau un enger neier Digital-Steier geschafft. Well d'Memberlänner sech awer net eens ginn, gëtt et ëmmer méi Länner déi decidéieren, op nationalem Niveau esou eng Steier anzeféieren.
Déi lescht Woch huet Frankräich säin eegene Projet fir eng Besteierung vu groussen digitalen Entreprisë presentéiert. Haut, Dënschdeg diskutéieren d'EU-Finanzministeren op en Neits doriwwer. Een Accord ass do awer net probabel. D'Danièle Weber informéiert.