Europa Aktuell
D'Systemer fir d'Sécurité sociale an der EU
An der EU sollen d'Systemer fir d'Sécurité sociale ënner de Memberlänner besser openeen ofgestëmmt ginn. Schonn zanter bal dräi Joer gëtt iwwer eng entspriechend EU-Direktiv diskutéiert an eigentlech sti se kuerz virum Ofschloss.
Dat géifen awer elo e puer Länner, dorënner Lëtzebuerg, gäre verhënneren. Virun allem de Punkt vun de Chômage-Indemnitéite mécht der Regierung suergen. Si spillt elo op Zäit. Den Dossier wier nach net zeideg fir eng Decisioun, soen déi betraffe Länner. Wat ee sech awer genee vu méi laange Verhandlungen erwaart, ass net kloer. Detailer vum Danièle Weber.