arrow_back_ios
Europa Aktuell
EVP suspendéiert Fidesz
D'Europäesch Vollekspartei huet gëschter d'Partei vum ungaresche Premier Viktor Orban suspendéiert. D'CSV, déi och Member vun der EVP ass, hat sech zesumme mat aneren dofir agesat, dat déi ungaresch Regierungspartei aus der EVP erausgehäit gëtt. Mam Kompromëss kéint ee liewen, sot gëschter den CSV-President Frank Engel. Hien hofft awer, dat et net dobäi bleift.