arrow_back_ios
Europa Aktuell
Bonne Note am Sozialen, eng Datz an der Migratioun
Wéi gutt huet des Europäesch Kommissioun ënnert der Leedung vum Ex-Lëtzebuerger Premier hir Aarbecht gemach? Am Hierscht geet d'Mandat vum Jean-Claude Juncker op en Enn. An elo, kuerz vrun den Europawahlen, ass ee gudde Moment, mol ee Bilan ze zéien.
Dee fällt je no Dossier ganz ënnerschiddlech aus:
Eischter gutt am soziale Beräich oder wann et em Mesuren géint d'Steierevasioun geet, éischter schlecht, wann et em d'Migratioun geet - sou kéint een d'Punkten resuméieren, déi Experten a Politiker dem Team Juncker an hiren Zensure ginn.