Europa Aktuell
Keng Allianz tëschent Liberalen an "en marche"
Am September zejoert war de franséische President Emmanuel Macron op Lëtzebuerg komm, fir kuerz virum offiziellen Ufank vun der Campagne fir d'Chamberwahle mam Premier Xavier Bettel iwwer d'Zukunft vun Europa ze diskutéieren. Kuerz virun deem Biergerdialog hat de Xavier Bettel den Emmanuel Macron op eng Reunioun mat liberale Spëtzepolitiker, de belsche Premier Charles Michel an de Hollänner Mark Rutte invitéiert, fir iwwer Europapolitik ze diskutéieren. Et gouf zanterhier vill spekuléiert iwwer eng méiglech Allianz vun de Liberalen an dem Macron senger République en marche.
Déi kënnt, wann iwwerhaapt, awer eréischt no de Wahlen zustanen. Déi franséisch Regierungspartei hält sech léiwer och nach aner Dieren op. Vu Bréissel d'Danièle Weber mat Detailer.