Europa Aktuell
Eurovisiouns-Debatt vu Spëtzekandidaten am Europaparlament
Eng Eurovisiouns-Debatt gouf et gëschter Owend am Europaparlament: Op der Bühn stounge keng Museker, mee fënnef Spëtzekandidaten vun de groussen europäesche Parteien fir d'Europawahlen. Et waren dat den Manfred Weber vun der Europäescher Vollekspartei, de Sozialdemokrat Frans Timmermans, d'Margrete Vestager vun de Liberalen, déi gréng Ska Keller, den Nico Cué vun der Gauche Unie an den Jan Zahradil vun den Europäesche Konservativen.
Migratioun a Klimapolitik stoungen am Mëttelpunkt vum Debat, wou sech de fënnef duerchaus net ëmmer eens waren. A wou et eng iwwerraschend kloer Koalitiounsoffer gouf. D'Danièle Weber huet den Debat gelauschtert.