Europa Aktuell
Aus ALDE gëtt "renew Europe"
Am Europaparlament kommen haut a muer Vertrieder vun de 4 grousse politesche Gruppen zesummen, fir iwwer méiglech Koalitiounen ze schwätzen.
Eng vun deene Parteien huet sech gëscht ee neie Numm ginn. Déi demokratesch Fraktioun wollt dat Wuert "liberal" am Numm lass ginn. Dat war ënner anerem de Wonsch vun der franséischer Delegatioun vum President Macron sengem Projet "Renaissance". Hirer Chefin, der Nathalie Loiseau, war déi lescht Woch repochéiert ginn, si géif mat enger gewësser Arroganz zu Bréissel optrieden.
Wat bréngt dee neie Numm? D'Danièle Weber huet am Europaparlament beim Charel Goerens, Europadeputéiert vun der DP, nogefrot.