Europa Aktuell
EU ass op der Sich no Kandidate fir Top-Posten
Wie gëtt Nofolger vum Jean-Claude Juncker als President vun der Europäescher Kommissioun? Op déi Fro gëtt et ëmmer nach keng Äntwert. Haut a muer kommen zu Bréissel d'Staats- a Regierungscheffen zesummen, fir ënner anerem doriwwer ze diskutéieren. Et geet och ëm aner héich Posten an der EU. D'Europaparlament, dat deen nächste Kommissiounspresident wiele muss, deet sech schwéier mat senger Positioun. Hei gëtt bis elo offiziell net iwwer Nimm diskutéiert, mee iwwer Inhalter fir eng méiglech Koalitioun. Vun engem Accord war ee gëschter nach wäit ewech. Wéi soll dee Knuet opgeléist ginn?
D'Danièle Weber iwwer dee leschte Stand am Parlament an iwwer dat, wat eis haut um EU-Sommet erwaart.