Europa Aktuell
Reaktiounen op Decisiounen vum EU-Sommet
D'Staats- a Regierungschefen hu sech schwéier gedoen, déi richteg Kandidate fir déi héich Posten an der EU ze fannen. No zwee Deeg louch ee Kompromëss um Dësch, vun deem et nach net sécher ass, ob en esou och wäert ëmgesat ginn.
Deemno géif déi däitsch Verdeedegungsministerin Ursula von der Leyen Kommissiounspresidentin, an de fréiere belsche Premier Charles Michel Conseilspresident. Ënner deenen, déi op Top-Positioune genannt goufen ass kee vun deenen, déi als Spëtzekandidaten an d'Europawahle gaange sinn. Wat heescht dat fir d'Demokratie an der EU? D'Aschätzungen doriwwer sinn ënnerschiddlech - och bei zwee Lëtzebuerger.
D'Danièle Weber huet zu Bréissel beim Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker a beim Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel nogefrot.