Europa Aktuell
Ursula von der Leyen muss nach Iwwerzeegungsaarbecht leeschten
Déi Gréng am Europaparlament hu wëlles net fir d'Ursula von der Leyen ze stëmmen. Déi däitsch Verdeedegungsministerin ass Kandidatin fir Presidentin vun der Europäescher Kommissioun ze ginn. Gëschter huet si sech am Europaparlament de Froe vun den Europadeputéiert vun de verschiddene Fraktioune gestalt.
Och bei de Sozialisten ass nach laang net jiddwereen iwwerzeegt vun der Kandidatin. Dat sot de Lëtzebuerger LSAP-Europadeputéierten Nicolas Schmit, dee perséinlech nach net decidéiert huet, ob hien der Ursula von der Leyen seng Stëmm gëtt oder net. Detailer mam Danièle Weber.