arrow_back_ios
Europa Aktuell
EU oneens iwwer nei Bäitrëttsverhandlungen
Albanien an Nord-Mazedonie goufen ufanks der Woch op en Neits vertréischt: D'EU-Ausseministeren hu keng gréng Luucht ginn, fir déi geplangten Bäitrëttsverhandlunge mat hinnen opzehuelen. Elo ass de Sujet Chefsaach ginn: Haut sollen d'Staats- a Regierungscheffe sech domat um EU-Sommet befaassen. Et ass virun allem Frankräich, dat blockéiert. An eng Ouverture ass bis elo net en Vue. Vu Bréissel d'Danièle Weber.