Europa Aktuell
Steiertransparenz weider blockéiert
Grouss Entreprisë sollen hir Steieren do bezuelen, wou si hire Profit maachen. Dat ass ee vun den Ziler, déi d'Europäesch Kommissioun duerch eng nei Direktiv erreeche wëllt, déi fir méi Transparenz am Steierberäich suerge soll. Entreprisë missten deemno bestëmmten Donnéeën, fir all Land, an deem si wirtschaftlech aktiv sinn, publizéieren.
Dogéint wiere sech awer net nëmmen Entreprisen, mee och verschidden EU-Memberlänner - zu deenen och Lëtzebuerg gehéiert. D'Propos fir déi Direktiv läit schonn zanter dräi Joer um Dësch.
D'Europaparlament mécht Drock, mee de Blockage vun de Länner geet virun. Vu Bréissel d'Danièle Weber.