Europa Aktuell
EU-Nato: Wéi kann eng kohärent Approche ausgesinn?
6 min
D'NATO-Partner géifen den Ament de "Gehir-Doud" vun der Militär-Allianz erliewen. Déi Ausso vum franséische President Emmanuel Macron suergt den Ament fir Opreegung. Hie spillt drop un, dat d'Koordinatioun an der Allianz net méi klappt.
D'Europäesch Unioun brauch d'Nato weiderhinn, sou gëschter d'Äntwert vun enger Partie vun EU-Ausseministeren, dorënner och de Lëtzebuerger Jean Asselborn. Haut hunn d'Ministere beim Mëttegiessen d'Geleeënheet mam Nato-Generalsekretär Stoltenberg iwwer d'Relatioun tëschent der EU an der Nato ze diskutéieren.
Eng Relatioun, déi do sécher kee prinzipiell a Fro stelle wäert - mee déi no der tierkescher Interventioun a Syrien méi komplizéiert ginn ass. D'Danièle Weber mat Hannergrënn.