Europa Aktuell
Schwiereg Prüfung fir den Thierry Breton
Dräi Kandidaten aus der Equipe vun der neier EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen mussen nach vum Europaparlament gutt geheescht ginn. Speziell de franséische Kandidat, den Thierry Breton, ass ëmstridden. Beim Fransous, deen zéng Joer laang Direkter vun enger grousser Entreprise war, gesi verschidden Europadeputéiert d'Gefor vun Interessekonflikter. Et ass allerdéngs net sécher, ob et bei deenen Auditiounen wierklech just ëm d'Kompetenze vun de Kandidate geet. Och hir politesch Faarf spillt eng Roll. Vu Breissel d'Danièle Weber.