arrow_back_ios
Europa Aktuell
EU-Parlament wëll de Klima-Noutstand ausruffen
Kuerz vrun der nächster Welt- Klimakonferenz, wëll d'Europaparlament eng Schëpp bäileen. Verschidde Parteie proposéieren, den Etat d'urgence en vue vum Klima- an Emweltschutz auszeruffen.
Net jiddereen ass dofir. Och iwwert konkret Klima-Mesuren ginn et am Parlament ënnerschiddlech Meenungen. E Méindeg fänkt d'Klima-Konfrenz zu Madrid un. Zu Strosbuerg gouf des Woch iwwert d'Positioun vum Parlament diskutéiert, muer gëtt iwwert deen Text ofgestëmmt.