Europa Aktuell
EU-Budget: Sträit um EU-Sommet virprogramméiert
D'EU huet héich Ambitiounen, zum Beispill wat de Klimaschutz ugeet. Allerdéngs sollen déi néideg Mesurë méiglechst wéineg kaschten. Lëtzebuerg gehéiert zu deene Länner déi prett si, méi Suen an de Budget anzebezuelen. Anerer sinn do strikt dogéint.
De Sträit iwwer den nächsten EU-Budget ass voll am Gaang an e riskéiert muer um EU-Sommet ze eskaléieren. Dat huet een Debat ënner den zoustännege Ministeren zu Bréissel gewisen. D'Danièle Weber krut do een Avant-goût op de Sträit, deen op d'Staats- a Regierungscheffe zoukënnt.