arrow_back_ios
Europa Aktuell
Interessekonflikter bei Ex-EU-Kommissären
headphones
6 min
Lauschteren
play_arrow
Iwwer eng Dosen Ex-EU-Kommissäre sinn den Ament op der Sich no enger neier Aarbecht. Fir si gëllt eng sougenannte Cooling off Period vun zwee Joer. Dat heescht awer net, datt si esou laang waarde mussen, éier si en neien Job unhuele kënnen.
D'Reegele goufen ënner der Kommissioun vum Jean-Claude Juncker verschäerft. Allerdéngs hätten och déi nei Virschrëften ee Fall wéi dee vum José Manuel Barroso net verhënnere kënnen, soen Experten. Dee Fall hat vru véier Joer fir vill Opreegung gesuergt.