Europa Aktuell
Free movement fir EU-Bierger och nom Brexit
5 min
Den 31. Januar ass et esou wäit: Groussbritannien trëtt aus der EU eraus. Béid Säite stinn an de Startlächer fir sech eens iwwer hir zukünfteg Relatiounen ze ginn. D'Europaparlament wëllt schonn déi nächst Woch iwwer eng Resolutioun ofstëmmen, déi eng Garantie dofir fuerdert, datt de "free movement", also d'Méiglechkeet, fräi ze zirkuléieren och nom Brexit fir EU-Bierger bestoe bleift.
Vun esou engem Engagement vu Säite vun de Britte géif et ofhänken, wéi enk dono déi wirtschaftlech Partnerschaft tëschent EU a Groussbritannien ass. D'Danièle Weber huet zu Bréissel mam President vun der aussepolitescher Kommissioun vum Europaparlament, dem David McAllister geschwat.