Europa Aktuell
N. Schmit: Sozialdialog fir europäesche Mindestloun gëtt lancéiert
Mol net 300 Euro de Mount a Bulgarien an eppes iwwer 2.000 Euro zu Lëtzebuerg - sou wäit läit de Mindestloun an der Europäescher Unioun auserneen.
D'Europäesch Kommissioun géif gären dofir suergen, datt déi Ënnerscheeder méi kleng ginn. Bannent 100 Deeg sollt den EU-Kommissär fir d'Aarbecht a Soziales, de Lëtzebuerger Nicolas Schmit, eng Propos fir een europäesche Mindestloun presentéieren. De Projet ass net einfach, well et gëtt net nëmmen Skepsis bei de Memberlänner oder den Entreprisen, och d'Gewerkschafte sinn net iwwerall an Europa begeeschtert vun der Iddi. D'Danièle Weber huet zu Stroossbuerg mam Lëtzebuerger EU-Kommissär geschwat.