Europa Aktuell
Antisemitismus-Definitioun vun der IHRA
Antisemitismus hellt zou - an Europa - och zu Lëtzebuerg.
35 Länner, si sech e Sonndeg eens gi méi ze ënnerhuelen, fir Antisemitismus, Rassismus an aner Forme vun Diskriminéierung ze bekämpfen. Déi Länner si Member vun der Internationaler Allianz fir d'Gedenken un den Holocaust, kuerz IHRA an hunn dës Woch zu Bréissel eng gemeinsam Deklaratioun ënnerschriwwen.
Experte vun der IHRA hate schonn 2016 eng Aarbechtsdefinitioun iwwer Antisemitismus ausgeschafft, déi an der Tëschenzäit vun eelef EU-Länner ugeholl gouf. Lëtzebuerg ass nach net derbäi. Et sollt een Debat doriwwer geféiert ginn, seet den aktuelle President vun der IHRA, de Georges Santer. Detailer vum Danièle Weber.