Europa Aktuell
Europaparlament mécht de Wee fräi fir de Brexit
Muer den Owend Mëtternuecht ass et esou wäit. No 47 Joer geet Groussbritannien aus der EU eraus. Dem Brexit steet am Fong näischt méi am Wee. Mat grousser Majoritéit huet gëschter d'Europaparlament den Accord iwwer den Austrëtt ugeholl. Dat war ee vun de leschte Schrëtt deen néideg war, éier datt d'Vereenegt Kinnekräich kann der EU de Réck dréien. No 41 Joer ass et dann och fir d'éischt, datt kee Britt méi am Europaparlament setzt.
D'Danièle Weber iwwer den historesche Debat a Vott gëschter zu Bréissel, mat vill Emotiounen, Freed bei deenen engen an Tréinen, bei deenen aneren.