Europa Aktuell
EU-Parlament net fir Lëtzebuerger Propos
Wéi eng Zort Handelsaccord wëllt d'EU mat Groussbritannien hunn? Doriwwer gëtt den Ament diskutéiert. Nom Brexit sollen Ufank Mäerz d'Verhandlungen iwwer e Fräihandelsaccord ufänken.
Ausgerechent dat, wat fir Lëtzebuerg am wichtegsten ass, nämlech d'Finanzservicer, sollen aus deem Accord eraus bleiwen an extra gereegelt ginn. An engem System, bei deem d'Europäesch Kommissioun eleng um Hiewel sëtzt. Dat gefält London net. Awer och Lëtzebuerg ass dovu net begeeschtert an huet de Wonsch geäussert, d'Finanzservicer sollten awer an de Fräihandelsaccord mat ageschloss ginn.
D'Europaparlament ass do awer och net dofir. D'Danièle Weber huet zu Stroossbuerg bei Vertrieder vu verschiddene Parteien nogefrot.