Europa Aktuell
Europa Aktuell: Sträit iwwer den neien EU-Budget
D'Europäesch Unioun gëtt sech net eens iwwer deen nächste laangjärege Budget. De Sträit schleeft sech schonn zanter iwwer engem Joer - an een Accord ass bis elo net en Vue. De Conseilspresident Charles Michel hat Enn där leschter Woch eng nei Propos fir ee Kompromëss op den Dësch geluecht. Déi stéisst awer och op ville Säiten op Kritik. D'Staats- a Regierungscheffe komme muer (Donneschdeg) an e Freideg op engem extra Sommet zesummen, fir iwwer de Budget ze beroden. An et ass net sécher, datt si sech do eens ginn. Detailer vu Bréissel vum Danièle Weber.