Europa Aktuell
Prioritéit huet de Grenzschutz
Am Konflikt op der griichesch-tierkescher Grenz weist sech d'EU solidaresch mat Griichenland. Griichesch Grenze sinn europäesch Grenzen, dat huet dës Woch d'Presidentin vun der Europäescher Kommissioun Ursula von der Leyen ënnerstrach.
D'Grenz bleift zou, soen déi griichesch Autoritéiten, ee Mount laang gi keng Asysldemandë méi akzeptéiert. D'Fro, ob alles, wat den Ament do ofleeft, konform mat internationalem an europäesche Recht ass, schéngt net gekläert ze sinn.
Wat seet d'Europäesch Kommissioun dozou? Doriwwer schwätze mir mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.