Europa Aktuell
Déi aner Kris
Alles dréit sech ëm Corona. Am Südoste vun Europa spillt sech awer weiderhin e ganz anert Drama of. Zanter dem Ufank vum Joer koume ronn 7.000 Mënschen a Griichenland un an hunn eng Asyldemande gemaach. Gemooss u senger Awunnerzuel huet Griichenland - no Zypern - déi meeschten Asyldemanden an der EU. Mee och an absolutten Zuelen ass d'Land vir bäi, wann et ëm d'Presenz vun Asyldemandeure geet: Nämlech op drëtter Plaz hanner Däitschland a Frankräich.
D'Alkyone Karamanolis bericht iwwer déi schwiereg Liewenskonditiounen an engem Flüchtlingscamp bei Athen.