arrow_back_ios
Europa Aktuell
Europaparlament am Homeoffice
Doheem bleiwen, vun doheem schaffen - dat ass d'Realitéit bei eis - an och anzwousch anescht: Zum Beispill zu Bréissel am Europaparlament. Mee wat heescht dat fir déi 705 Europadeputéiert an fir déi Dausende vu Mataarbechter vum Parlament?
Déi meescht sinn, genee ewéi d'EU-Parlamentarier, am Homeoffice.
Fir ze kucken, wéi hiren Alldag am Confinement (Lockdown) ausgesäit, huet eis EU-Korrespondentin Danièle Weber ee klengen Tour duerch Bréissel gemaach.