arrow_back_ios
Europa Aktuell
EU net zeideg fir Eurobonds
Den EU-Hëllefspak vun iwwer 500 Milliarden Euro geet net duer, fir d'Wirtschaft an der EU ze retten. Doriwwer ass ee sech eens. Mee wéi vill Suen an de Relance-Fonds fléisse sollen, a virun allem, wou d'Suen hierkommen ass onkloer. D'EU-Staats- a Regierungscheffe beroden haut doriwwer.
Un deenen ëmstriddene Corona-Bonds hält iwwerdeems kaum nach ee fest. D'Danièle Weber faasst zesummen, ëm wat bei där Diskussioun geet.