Europa Aktuell
Den Antikrisepak vun der EU-Kommissioun léisst op sech waarden
Haut stellt d'Europäesch Kommissioun hir Fréijoers-Previsiounen fir déi europäesch Wirtschaft vir. Déi Zuele ginn dëst Joer mat méi Spannung wéi soss erwaart. Well si kéinten een éischten Abléck dorop ginn, wéi déif d'EU an d'Rezessioun rëtscht, nodeems d'Corona-Kris d'Wirtschaft dramatesch ofgebremst huet.
Haut sollt d'Europäesch Kommissioun och en neie Plang fir d'Anti-Krise-Mesuren op den Dësch leeën. Si huet den Optrag virun zwou Woche vun de Staats- a Regierungscheffe kritt, eng Propos fir den ëmstriddene Fonds de Relance ze maachen. Dee Plang ass awer nach net prett, an d'Kritik un der Kommissioun wiisst.
Detailer vu Bréissel vum Danièle Weber