Europa Aktuell
Eng Biodiversitéits-Strategie fir d'EU
6 min
An der EU mussen op d'mannst een Drëttel vun de Flächen zu Land an am Mier ënner Naturschutz gesat ginn. Dat proposéiert d'EU-Kommissioun an hirer Biodiversitéits-Strategie, déi haut presentéiert gëtt.
Et geet ëm vill: De Verloscht vun der Biodiversitéit an de Kollaps vum Ökosystem sinn déi gréisste Menacë fir d'Mënschheet an den nächste Joerzéngten. Dovun ass Bréissel iwwerzeegt. Matten an der Corona-Kris gouf et vu verschiddene Säiten Drock, de Biodiversitéits-Plang ze verleeën. D'Kommissioun huet do awer net noginn. Hannergrënn: Danièle Weber