Europa Aktuell
/ Wéi kënnt den däitsch-franséischen 500-Milliarden Euro Hëllefspaak un?
Wéi kënnt den däitsch-franséischen 500-Milliarden Euro Hëllefspaak un?
9 min
Fir d'Wirtschaftskris, déi duerch d'Corona-Pandemie ausgelöist gouf, opzefänke sollen op europäeschem Niveau Honnerte vu Milliarden Euro fléissen. E Mëttwoch soll d'Kommissioun eng Propose fir ee Fonds de relance maachen. Des Woch sinn Däitschland a Frankräich zesumme no virgeprescht, an hunn hire Plang vun engem 500 Milliarden-Euro Hëllefspaak op den Dësch geluecht. Wat genee stécht hannert där Iddi a wéi eng Chancen huet se, vun deenen aneren Memberlänner ugeholl ze ginn?